De Premièresdiplom an der Täsch, … an elo?

De Premièresdiplom an der Täsch, … an elo?

vum Gaston TERNES (*)


Eng 2.800 Jonker hunnn des Deeg de Premièresdiplom kritt a si “studéierfäheg” oder och “prett fir an d’Beruffswelt”. Sinn déi Inhalter déi haut geléiert an ofgepréift ginn nach ugepasst?  De Gaston Ternes (*) geet a senger Carte blanche op déi eminent wichteg Roll vun de Schoulprogrammer an deem Kontext an.

Elo, wou d’Premièresexamen fir dëst Joer erëm ofgeschloss sinn, ass et ee gudde Moment sech mat de Programmer ze befaassen. Zil vun de Schoulprogrammer ass et déi Jonk op d’Liewe vu muer virzebereeden, hinne breet Grondkenntnisser a Culture générale mat op de Wee ze ginn, fir mat ganz neie Kontexter eens ze ginn.

Haut ass awer eppes revolutionär anescht wéi nach viru 50 Joer, an dat ass d’Vitess mat där nei Kenntnisser derbäi kommen. De Richard Buckminster Fuller huet scho 1982 mat senger “knowledge doubling curve” beschriwwen a wéi enger Zäitspann sech den Total vun de mënschleche Kenntnisser verduebelt.  War dëst nach nom 2. Weltkrich eng Zäitspann vu 25 Joer, esou sinn et haut nach just 13 Méint. 13 Méint brauch et, bis dat wat haut gewosst ass, sech verduebelt huet.

Wat muss d’Äntwert vun der Schoul op des Kenntnisflut sinn? Ëmmer méi Programminhalter? Abee, d’Äntwert op des Fro ass ee klore Nee.

An engem Kontext, wou haut all Informatioun – op richteg oder falsch – iwwert e puer Klicken direkt oprufbar ass, ass d’kritescht an d’konstruktiivt Ëmgoen mat dësen Informatiounen den “Alpha an Omega” vun de Schlësselkompetenzen.

D’Schoulprogrammer sollen heibäi esou konzipéiert sinn, dass no a no Interessen an Talenter vum Jonken a méi Domainen ervirgehuewe ginn. Am Cycle supérieur vum Secondaire, misst jidder Jonken sech kënnen a Form vu Modullen seng eege Prioritéiten wielen, mat engem kloren Zil virun Aen: spéider, no der Première, sech kënne fir méi verschidde Spezialisatiounen ze decidéieren. Ëmmer méi wäert dobäi een hybride Profil gefrot sinn: eng Kombinatioun also vu Studien a Kenntnisser a bis elo ganz verschiddene Beräicher, atypesch Profiller eben. Den 1. Juni dëst Joer ass de Michel Serres gestuerwen: “Ee Fouss an de Wëssenschaften, ee Fouss an den Humanitéiten” huet dësen exzeptionelle Mënsch de Wee virgezeechent. Et muss a ka net jiddereen ee Michel Serres sinn, mee ech wëll awer kloer soen, dass een a méi wéi engem Domaine muss gutt sinn, fir d’Welt vun haut ze verstoen.

 “Léieren” kann ee mat enger Rees vergläichen: wann ze vill Inhalter op ee gewësse Moment ugepaakt ginn, dann ass de Risiko grouss, dass alles just iwwerflächlech bleift a vläicht guer net verstane gëtt. A wann een op enger Plaz ass, da soll een sech alles aus méi Perspektiven ukucke kënnen!

(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell Erzéiungswëssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.

 

Zu dem geplangte “Bildungsdësch” – Carte blanche du 3 mai 2019

Zu dem geplangte “Bildungsdësch”

vum Gaston TERNES (*)


Virun de Walen vun 2018, war an de politeschen Diskussiounsronnen vill Rieds vun engem Bildungsdësch. D’Politik am Beräich Educatioun soll net länger dem Minister a sengen enkste Beroder virbehale sinn, mee d’ganz Gesellschaft matabannen. Wéi steet et elo em des Iddi? De Gaston Ternes geet drop an.

An der Regierungserklärung 2018-2023 geet Rieds vun engem “Bildungsdësch”. Vertrieder vun den Enseignanten, vun den Elteren a Schüler, vun de Sozialpartner aus dem politeschen an ekonomeschen Ëmfeld, vun der zivil Gesellschaft, solle nieft dem Observatoire de la qualité scolaire an dem Médiateur scolaire un dësem Bildungsdësch deelhuelen.

Elo gëtt et awer schonn, duerch d’Gesetz vum 10. Juni 2002, ee Gremium wou 36 Vertrieder aus eben dësen Domainen dra sinn: de “Conseil Supérieur de l’Education nationale”.

Et kann ee sech also froen: Ass dat wat mam “Bildungsdësch” gemengt ass, da nëmmen déi al Struktur, just e bësse méi attraktiv verpaakt?

Abee, menger Meenung no, kann d’Initiativ eng excellent Geleeënheet sinn, fir déi Betraffe wierklech mat anzebannen.

Esou ee “Bildungsdësch” brauch dofir a sengem Kärstéck ee “Motor vun der Prozess Gestaltung” fir dass seng “Représentants” – wéi am Regierungsaccord steet – och richteg „Vertrieder“ sinn. Do geet et da net duer sech op seng perséinlech Meenung, säi Bauchgefill oder seng Expertise ze beruffen. Nee, als “Vertrieder” vun engem Interessegrupp huet een d’Meenung vun dem ganze Corps u Leit déi ee vertrëtt, mat anzebréngen. Dëst verlaangt also am viraus bei all wichtegem Thema eng breet Consultatioun vun deene Leit déi ee vertrëtt. Et verlaangt ee grousse Professionalismus am Organiséieren vun demokratesche Prozesser; et brauch eben ee  Motor deen dat iwwerhaapt emol erméiglecht.

An dann heescht et nach eppes aneres: deen ale “Conseil Supérieur de l’Education nationale” war nëmmen ee berodend Organ fir de Minister. Wann een den Engagement vun de Leit Eescht hëllt an éiere wëllt, da muss d’Meenung déi sech erausschielt, och bei der Décisioun hire kloere Nidderschlag fannen. Éier esou ee Bildungsdësch iwwerhaapt tagt, misst d’Politik de legale Kader heifir geschaf hunn. Ee Minister kéint an dem Modell nach eng Kéier Réckfroe stellen, Saachen ze bedenke ginn, hie kéint awer d’Décisioun vun dem Bildungsdësch nët einfach ignoréieren oder kippen. Et wär ee schéint Beispill vu geliefter Demokratie, wou et sech lount sech als Eenzelnen mat anzebréngen.

Et sinn des béid Komponenten “Matabezéien vun den Acteuren um Terrain” an “den Impakt vun de Resolutiounen aus dem Bildungsdësch” un deene mir moosse kënnen op dës Initiativ  „Bildungsdësch“ geléngt.

(*) De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser am Jongelycée zu Lëtzebuerg, am Kolléisch zu Iechternach an an der Stad, durno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell d’Erzéihungswëssenschaften. Hie war zoustänneg fir d’Ufanksausbildung vun de Stagiären um Centre Universitaire an huet d’Didaktik vun der Mathematik op der Uni Lëtzebuerg koordinéiert. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Bénévolat.