Carte blanche vum 17. Januar 2025 - D'Plaz vum Benevolat an eiser Gesellschaft

D’Thema vum Benevolat ass iwwert déi leschte Joerzéngten ëmmer besser dokumentéiert ginn, national wéi international. Iwwerall op der Welt gëtt festgestallt, dass d’Bereetschaft zum fräiwëllegen Engagement ofhëlt. Wéi steet et mat dem fräiwëllegen Engagement zu Lëtzebuerg? Där Fro geet de Gaston Ternes an dëser Carte blanche no.

Am aktuelle Regierungsaccord stinn 2 Säiten iwwert Aktiounspläng zum Benevolat. Dat ass gutt esou. Fakt ass nämlech, dass an alle Länner d’Bereetschaft zum fräiwëllegen Engagement ofhëlt. An den USA z.B. schreift de Bureau of Labor Statistics, dass den Taux vun 29% am Joer 2005 op 23% no COVID gefall ass. Fir Lëtzebuerg huet de Statec dëse September confirméiert, dass 35% vun de Residentë Benevolat maachen.

De Benevolat huet eng Komponent, déi nach méi wichteg ass ewéi d’Erhale vun de wesentlechen Déngschter fir d’Gemeinschaft an d’Organiséiere vun Aktivitéiten. Et besteet eng statistesch staark positiv Korrelatioun tëschent dem Zesummenhalt vun der Gesellschaft an der Bereetschaft vun de Leit fir Benevolat ze maachen. An anere Wierder: Méi Benevolat ass d’Zeeche vu méi Demokratie.

Dëst soll een zur Kenntnis huelen am Kontext vun der rezenter Etude POLINDEX 2024. Si beleet ee klore Wäerte Wandel an eiser Gesellschaft. Zënter 2018 ass dës vill méi materialistesch ginn. “Och een technokratëschen, esouguer en autoritäre Regime wär okay, esou laang déi Politik mir perséinlech nëtzt”, resuméiert et de Professer Poirier vun der Uni Lëtzebuerg. De Benevolat kéint ee Motor fir eng besser funktionéierend Demokratie sinn. Hie vermëttelt déi richteg Astellungen a Verhalensweisen: Respekt virum Aneren, Gläichberechtegung, Iwwerhuele vu Verantwortung.

Wéi kéint een de Benevolat da méi visibel maachen? De Ruanda Modell “Umuganda” kënne mir heiheem net 1 zu 1 iwwerhuelen. “Umuganda” ass staatlech organiséiert, also net fräiwëlleg. Mee mir kënnen aus der Iddi léieren. “Umuganda”, aus dem Kinyarwanda op lëtzebuergesch iwwersat, heescht “Zesummekomme fir ee gemeinsaamt Ziel ze erreechen”. Ee Samschdeg Virmëtteg am Mount engagéieren sech d’Leit fir Gemeinschaftsaarbechten an hirem Distrikt ze verriichten.

Wéi wär bei eis mam 5. Dezember, dem internationalen Dag vum Benevolat? Wär dat net een excellenten Dag fir geziilte gemeinsam Aktiounen, fir e Matabezéie vun de Schoulen an de Veräiner? Esou kéinte mir dem Benevolat eng fest verankert Plaz an eiser Gesellschaft ginn. D’Gabriela Civico, Directrice vum Centre pour le volontariat européen, seet: « Le volontariat n’est pas un sujet neuf, mais nous voulons le voir figurer en meilleure place dans l’ordre des priorités. » Dass si Recht huet, hunn hoffentlech des 2 Minutten 30 beluecht.

Schwaarz oder wäiss! 4775 Ënnerschrëften huet d’Petitioun 3176 kritt, déi de 4. November an der Chamber virgedroe gouf: si huet zum Ziel de Smartphonë generell an der Enceinte vun der Schoul ze verbidden. Petitioune leien am Trend. Dozou eng Carte blanche vum Gaston Ternes. Petitioune sinn u sech positiv: si ginn dem engagéierte Bierger d’Méiglechkeet seng Meenung ëffentlech ze soen, an zwar an der Chamber, deem Gremium vu gewielte Vertrieder déi an eiser parlamentarescher Demokratie fir eis decidéieren. Eng Fro geet mir awer duerch de Kapp: gëtt et nach just schwaarz oder wäiss, ouni Tëschen Nuancen? Déi rezent Diskussioun iwwert de generellen Handy Verbuet an der Schoul deet mech nodenken: Geet et ewell duer a Saache “Bildung” mat “gutt” oder “schlecht” z’äntweren? Et mécht kee Sënn, den Handy total ze verbidden; genau esou mécht et kee Sënn den Handy ëmmer an iwwerall zouzeloossen! D’Thema passt einfach net an eng binär Schinn, an een Null oder Eent. “Medie musse geléiert ginn, net verdäiwelt”, esou sot et rezent de Psychiater Serge Tisseron. Medie brauche Reegelen déi esou wuel an der Famill wéi och an der Schoul trainéiert musse ginn. A Schoulfroen ass et däers “Gutt oder schlecht” deslescht bal nëmme méi: international oder lëtzebuerger Schoulen, zum Beispill, ouni d’Geleeënheet ze notzen fir ee systemateschen Echange iwwert “best practices”! Jidderee kann haut direkt matschwätzen, dacks nëmmen iwwert en “Daum héich” oder en “Daum erof”, oder och iwwert en Emoji séier ee Gefill lasszeginn. D’Nuancë bleiwen op der Streck. D’Komplexitéit vun der Fro gëtt ausgeklammert. Kee Siche no engem Kompromëss. Firwat deen Trend an eiser Zäit …? Ee Grond si sécher d’Filter bubbles, déi esouwuel an den Internet Sichmaschinne wéi och an de soziale Medien omnipresent sinn. Eis News gi gefiltert. Si ginn op eise Profil zougeschnidden. Mir gesi just nach eesäiteg Kommentaren an Informatiounen, déi genau eisen Interessien entspriechen; d’Géigesäit spillt den Algorithmus eis net zou. Wann Dir nëmme mat Ärer eegener Meenung konfrontéiert sidd, ëmmer just bestätegt gitt, da wunnt dir an enger komfortabeler Meenungsblos. Gewarnt hat eis schonn 2011 den amerikaneschen Aktivist Eli Pariser a sengem Buch “The Filter Bubble: What the Internet is hiding from you.” Meng Ufanksfro werft nei Froen op: Toleréiere mir einfach, dass rücksichtslos Internet- a Social Media Big Player all Meenungsvilfalt um Altor vun hirem Profit opferen? Wär et net Zäit fir ee Géigesteieren duerch eng konsequent Opklärung zum Fonctionnement vun de Filter Blosen an duerch en aktiven Training vum “Debating”, am beschten am selwechte reelle Raum?

Schwaarz oder wäiss

Petitioune sinn u sech positiv: si ginn dem engagéierte Bierger d’Méiglechkeet seng Meenung ëffentlech ze soen, an zwar an der Chamber, deem Gremium vu gewielte Vertrieder déi an eiser parlamentarescher Demokratie fir eis decidéieren.

 

Les pétitions sont positives en soi : elles donnent au citoyen engagé la possibilité d’exprimer publiquement son opinion, et ceci au Parlement, l’institution des représentants élus qui décident pour nous dans notre démocratie parlementaire.

 

Eng Fro geet mir awer duerch de Kapp: gëtt et nach just schwaarz oder wäiss, ouni Tëschen Nuancen? Déi rezent Diskussioun iwwert de generellen Handy Verbuet an der Schoul deet mech nodenken: Geet et ewell duer a Saache “Bildung” mat “gutt” oder “schlecht” z’äntweren? Et mécht kee Sënn, den Handy total ze verbidden; genau esou mécht et kee Sënn den Handy ëmmer an iwwerall zouzeloossen! D’Thema passt einfach net an eng binär Schinn, an een Null oder Eent. “Medie musse geléiert ginn, net verdäiwelt”, esou sot et rezent de Psychiater Serge Tisseron. Medie brauche Reegelen déi esou wuel an der Famill wéi och an der Schoul trainéiert musse ginn.

 

A Schoulfroen ass et däers “Gutt oder schlecht” deslescht bal nëmme méi: international oder lëtzebuerger Schoulen, zum Beispill, ouni d’Geleeënheet ze notzen fir ee systemateschen Echange iwwert “best practices”!

 

Jidderee kann haut direkt matschwätzen, dacks nëmmen iwwert en “Daum héich” oder en “Daum erof”, oder och iwwert en Emoji séier ee Gefill lasszeginn. D’Nuancë bleiwen op der Streck. D’Komplexitéit vun der Fro gëtt ausgeklammert. Kee Siche no engem Kompromëss. Firwat deen Trend an eiser Zäit …?

 

Ee Grond si sécher d’Filter bubbles, déi esouwuel an den Internet Sichmaschinne wéi och an de soziale Medien omnipresent sinn. Eis News gi gefiltert. Si ginn op eise Profil zougeschnidden. Mir gesi just nach eesäiteg Kommentaren an Informatiounen, déi genau eisen Interessien entspriechen; d’Géigesäit spillt den Algorithmus eis net zou.

 

Wann Dir nëmme mat Ärer eegener Meenung konfrontéiert sidd, ëmmer just bestätegt gitt, da wunnt dir an enger komfortabeler Meenungsblos. Gewarnt hat eis schonn 2011 den amerikaneschen Aktivist Eli Pariser a sengem Buch “The Filter Bubble: What the Internet is hiding from you.”

 

Meng Ufanksfro werft nei Froen op: Toleréiere mir einfach, dass rücksichtslos Internet- a Social Media Big Player all Meenungsvilfalt um Altor vun hirem Profit opferen? Wär et net Zäit fir ee Géigesteieren duerch eng konsequent Opklärung zum Fonctionnement vun de Filter Blosen an duerch en aktiven Training vum “Debating”, am beschten am selwechte reelle Raum?

 

Carte blanche vum 31.5.2024 - Eis Gesellschaft geréit aus de Fouen ... a kee mierkt et?

Eis Gesellschaft geréit aus de Fouen ... a kee mierkt et?

Eisen Alldag gëtt ëmmer méi vun Intoleranz, vireilege Jugementer, Fake news a verbaler Aggressioun gepräägt. D’sozial Medie sinn een dagdeeglecht Beispill heifir. Keng Altersgrupp bleift verschount. Dobäi kommen Hektik, Stress a finanziell Suergen. Geréit eis ganz Gesellschaft aus de Fouen ... a kee mierkt et? Wat ass d’Roll vun der Politik? Där Fro geet de Gaston Ternes a senger Carte Blanche no.

 

D'Thema vun haut ass net spezifesch lëtzebuergesch, et betrëfft eis sougenannt "westlech" Gesellschaft, d'Aart a Weis wéi mir zesumme liewen, d'Aart a Weis och wéi d'Politik dëst begleet. Ech gräifen, aus enger Panoplie, 2 ganz extrem Beispiller eraus, wéi d'Politik am éischte Fall reguléiert, am zweete kapituléiert!

 

Groussbritannien huet grad ee Gesetz ugeholl fir Asylbewerber an de Ruanda ze deportéieren. Virun 2 Joer hat den Charles III, deemools nach Prënz vu Wales, dëse Gesetzesprojet eng "fuerchtbar Iddi "genannt. Hien huet dëst Joer Enn Abrëll als Kinnek d'Gesetz ënnerschriwwen.

 

Irritéiert ass een, dass et och an der europäescher Gemeinschaft Stëmme gëtt, déi des mënscheveruechtend Solutioun an d'A faassen. Virun enger Woch huet den éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer dëse brittesche "Ruanda Modell" gelueft! Wéi kënne Mënschen déi demokratesch Wäerter vertriede sollen, esou inhuman Decisiounen huelen? Kee Verfechter vun der Iddi interesséiert sech fir d'Situatioun am Ruanda selwer, wéi dëst Land mat senger eegener Flüchtlingsproblematik konfrontéiert ass. Honnert Dausende ruandesch Flüchtlinge wëlle säit Joren an hier Heemecht zeréckkommen. Kee schwätzt vum dramatesche Chômage Taux am Ruanda.

 

Ee ganz anert Beispill aus Europa sief eraus gegraff: Déi mental Gesondheet vu ville Kanner a Jugendlechen ass net gutt. D'Hektik vun de Kanner huet hiren Nidderschlag bis an de Klasseraum. An der Schoul ginn ëmmer méi "aménagements spécifiques" néideg, fir verhalensopfälleg Kanner ze begleeden. Des Mesurë komme mir vir, wéi Gepléischters, ouni op d'Ursaachen anzegoen.

 

D'Altersmoyenne, wou d'Kanner fir d'éischt pornografesche Biller ausgesat ginn, läit mëttlerweil bei 10 Joer! Den Accès zu Videoclips a Filmer mat extremer Gewalt ass onbegrenzt. Vill ze séier geroden d'Kanner an d'Netz vun de soziale Reseauen, déi si der Diktatur vum Bléck vum Aneren a vernichtender Kritik aussetzen. D'Politik ass hei "aux abonnés absents". Si reguléiert net.

Iwwert Joerzéngten ewech, hu Regierunge Stéck fir Stéck, déi human Wäerter systematesch hannert d'ekonomesch Interessie gesat. Si hunn d'Ae virun de kollateral Schied zougemaach. "La croissance économique se fait au prix d'un effondrement intellectuel, culturel, psychologique et spirituel", schreift et de franséischen Auteur Laurent Gounelle ganz treffend a sengem rezente Buch "Le réveil". Wéini erwäche mir, wéini erwächen d'Politiker a besënne sech op hiert Kärgeschäft zréck?

"Polis", aus dem algriicheschen, am Sënn vu Gestaltung a Reegelung vun harmoneschem Zesummeliewen, vu kollektivem Bewosstsinn!