Schwaarz oder wäiss
Petitioune sinn u sech positiv: si ginn dem engagéierte Bierger d’Méiglechkeet seng Meenung ëffentlech ze soen, an zwar an der Chamber, deem Gremium vu gewielte Vertrieder déi an eiser parlamentarescher Demokratie fir eis decidéieren.
Les pétitions sont positives en soi : elles donnent au citoyen engagé la possibilité d’exprimer publiquement son opinion, et ceci au Parlement, l’institution des représentants élus qui décident pour nous dans notre démocratie parlementaire.
Eng Fro geet mir awer duerch de Kapp: gëtt et nach just schwaarz oder wäiss, ouni Tëschen Nuancen? Déi rezent Diskussioun iwwert de generellen Handy Verbuet an der Schoul deet mech nodenken: Geet et ewell duer a Saache “Bildung” mat “gutt” oder “schlecht” z’äntweren? Et mécht kee Sënn, den Handy total ze verbidden; genau esou mécht et kee Sënn den Handy ëmmer an iwwerall zouzeloossen! D’Thema passt einfach net an eng binär Schinn, an een Null oder Eent. “Medie musse geléiert ginn, net verdäiwelt”, esou sot et rezent de Psychiater Serge Tisseron. Medie brauche Reegelen déi esou wuel an der Famill wéi och an der Schoul trainéiert musse ginn.
A Schoulfroen ass et däers “Gutt oder schlecht” deslescht bal nëmme méi: international oder lëtzebuerger Schoulen, zum Beispill, ouni d’Geleeënheet ze notzen fir ee systemateschen Echange iwwert “best practices”!
Jidderee kann haut direkt matschwätzen, dacks nëmmen iwwert en “Daum héich” oder en “Daum erof”, oder och iwwert en Emoji séier ee Gefill lasszeginn. D’Nuancë bleiwen op der Streck. D’Komplexitéit vun der Fro gëtt ausgeklammert. Kee Siche no engem Kompromëss. Firwat deen Trend an eiser Zäit …?
Ee Grond si sécher d’Filter bubbles, déi esouwuel an den Internet Sichmaschinne wéi och an de soziale Medien omnipresent sinn. Eis News gi gefiltert. Si ginn op eise Profil zougeschnidden. Mir gesi just nach eesäiteg Kommentaren an Informatiounen, déi genau eisen Interessien entspriechen; d’Géigesäit spillt den Algorithmus eis net zou.
Wann Dir nëmme mat Ärer eegener Meenung konfrontéiert sidd, ëmmer just bestätegt gitt, da wunnt dir an enger komfortabeler Meenungsblos. Gewarnt hat eis schonn 2011 den amerikaneschen Aktivist Eli Pariser a sengem Buch “The Filter Bubble: What the Internet is hiding from you.”
Meng Ufanksfro werft nei Froen op: Toleréiere mir einfach, dass rücksichtslos Internet- a Social Media Big Player all Meenungsvilfalt um Altor vun hirem Profit opferen? Wär et net Zäit fir ee Géigesteieren duerch eng konsequent Opklärung zum Fonctionnement vun de Filter Blosen an duerch en aktiven Training vum “Debating”, am beschten am selwechte reelle Raum?