Carte blanche vum 31.5.2024 - Eis Gesellschaft geréit aus de Fouen ... a kee mierkt et?

Eis Gesellschaft geréit aus de Fouen ... a kee mierkt et?

Eisen Alldag gëtt ëmmer méi vun Intoleranz, vireilege Jugementer, Fake news a verbaler Aggressioun gepräägt. D’sozial Medie sinn een dagdeeglecht Beispill heifir. Keng Altersgrupp bleift verschount. Dobäi kommen Hektik, Stress a finanziell Suergen. Geréit eis ganz Gesellschaft aus de Fouen ... a kee mierkt et? Wat ass d’Roll vun der Politik? Där Fro geet de Gaston Ternes a senger Carte Blanche no.

 

D'Thema vun haut ass net spezifesch lëtzebuergesch, et betrëfft eis sougenannt "westlech" Gesellschaft, d'Aart a Weis wéi mir zesumme liewen, d'Aart a Weis och wéi d'Politik dëst begleet. Ech gräifen, aus enger Panoplie, 2 ganz extrem Beispiller eraus, wéi d'Politik am éischte Fall reguléiert, am zweete kapituléiert!

 

Groussbritannien huet grad ee Gesetz ugeholl fir Asylbewerber an de Ruanda ze deportéieren. Virun 2 Joer hat den Charles III, deemools nach Prënz vu Wales, dëse Gesetzesprojet eng "fuerchtbar Iddi "genannt. Hien huet dëst Joer Enn Abrëll als Kinnek d'Gesetz ënnerschriwwen.

 

Irritéiert ass een, dass et och an der europäescher Gemeinschaft Stëmme gëtt, déi des mënscheveruechtend Solutioun an d'A faassen. Virun enger Woch huet den éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer dëse brittesche "Ruanda Modell" gelueft! Wéi kënne Mënschen déi demokratesch Wäerter vertriede sollen, esou inhuman Decisiounen huelen? Kee Verfechter vun der Iddi interesséiert sech fir d'Situatioun am Ruanda selwer, wéi dëst Land mat senger eegener Flüchtlingsproblematik konfrontéiert ass. Honnert Dausende ruandesch Flüchtlinge wëlle säit Joren an hier Heemecht zeréckkommen. Kee schwätzt vum dramatesche Chômage Taux am Ruanda.

 

Ee ganz anert Beispill aus Europa sief eraus gegraff: Déi mental Gesondheet vu ville Kanner a Jugendlechen ass net gutt. D'Hektik vun de Kanner huet hiren Nidderschlag bis an de Klasseraum. An der Schoul ginn ëmmer méi "aménagements spécifiques" néideg, fir verhalensopfälleg Kanner ze begleeden. Des Mesurë komme mir vir, wéi Gepléischters, ouni op d'Ursaachen anzegoen.

 

D'Altersmoyenne, wou d'Kanner fir d'éischt pornografesche Biller ausgesat ginn, läit mëttlerweil bei 10 Joer! Den Accès zu Videoclips a Filmer mat extremer Gewalt ass onbegrenzt. Vill ze séier geroden d'Kanner an d'Netz vun de soziale Reseauen, déi si der Diktatur vum Bléck vum Aneren a vernichtender Kritik aussetzen. D'Politik ass hei "aux abonnés absents". Si reguléiert net.

Iwwert Joerzéngten ewech, hu Regierunge Stéck fir Stéck, déi human Wäerter systematesch hannert d'ekonomesch Interessie gesat. Si hunn d'Ae virun de kollateral Schied zougemaach. "La croissance économique se fait au prix d'un effondrement intellectuel, culturel, psychologique et spirituel", schreift et de franséischen Auteur Laurent Gounelle ganz treffend a sengem rezente Buch "Le réveil". Wéini erwäche mir, wéini erwächen d'Politiker a besënne sech op hiert Kärgeschäft zréck?

"Polis", aus dem algriicheschen, am Sënn vu Gestaltung a Reegelung vun harmoneschem Zesummeliewen, vu kollektivem Bewosstsinn!

Leave a Reply

Your email address will not be published.

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>