Carte blanche vum 17. Januar 2025 - D'Plaz vum Benevolat an eiser Gesellschaft

D’Thema vum Benevolat ass iwwert déi leschte Joerzéngten ëmmer besser dokumentéiert ginn, national wéi international. Iwwerall op der Welt gëtt festgestallt, dass d’Bereetschaft zum fräiwëllegen Engagement ofhëlt. Wéi steet et mat dem fräiwëllegen Engagement zu Lëtzebuerg? Där Fro geet de Gaston Ternes an dëser Carte blanche no.

Am aktuelle Regierungsaccord stinn 2 Säiten iwwert Aktiounspläng zum Benevolat. Dat ass gutt esou. Fakt ass nämlech, dass an alle Länner d’Bereetschaft zum fräiwëllegen Engagement ofhëlt. An den USA z.B. schreift de Bureau of Labor Statistics, dass den Taux vun 29% am Joer 2005 op 23% no COVID gefall ass. Fir Lëtzebuerg huet de Statec dëse September confirméiert, dass 35% vun de Residentë Benevolat maachen.

De Benevolat huet eng Komponent, déi nach méi wichteg ass ewéi d’Erhale vun de wesentlechen Déngschter fir d’Gemeinschaft an d’Organiséiere vun Aktivitéiten. Et besteet eng statistesch staark positiv Korrelatioun tëschent dem Zesummenhalt vun der Gesellschaft an der Bereetschaft vun de Leit fir Benevolat ze maachen. An anere Wierder: Méi Benevolat ass d’Zeeche vu méi Demokratie.

Dëst soll een zur Kenntnis huelen am Kontext vun der rezenter Etude POLINDEX 2024. Si beleet ee klore Wäerte Wandel an eiser Gesellschaft. Zënter 2018 ass dës vill méi materialistesch ginn. “Och een technokratëschen, esouguer en autoritäre Regime wär okay, esou laang déi Politik mir perséinlech nëtzt”, resuméiert et de Professer Poirier vun der Uni Lëtzebuerg. De Benevolat kéint ee Motor fir eng besser funktionéierend Demokratie sinn. Hie vermëttelt déi richteg Astellungen a Verhalensweisen: Respekt virum Aneren, Gläichberechtegung, Iwwerhuele vu Verantwortung.

Wéi kéint een de Benevolat da méi visibel maachen? De Ruanda Modell “Umuganda” kënne mir heiheem net 1 zu 1 iwwerhuelen. “Umuganda” ass staatlech organiséiert, also net fräiwëlleg. Mee mir kënnen aus der Iddi léieren. “Umuganda”, aus dem Kinyarwanda op lëtzebuergesch iwwersat, heescht “Zesummekomme fir ee gemeinsaamt Ziel ze erreechen”. Ee Samschdeg Virmëtteg am Mount engagéieren sech d’Leit fir Gemeinschaftsaarbechten an hirem Distrikt ze verriichten.

Wéi wär bei eis mam 5. Dezember, dem internationalen Dag vum Benevolat? Wär dat net een excellenten Dag fir geziilte gemeinsam Aktiounen, fir e Matabezéie vun de Schoulen an de Veräiner? Esou kéinte mir dem Benevolat eng fest verankert Plaz an eiser Gesellschaft ginn. D’Gabriela Civico, Directrice vum Centre pour le volontariat européen, seet: « Le volontariat n’est pas un sujet neuf, mais nous voulons le voir figurer en meilleure place dans l’ordre des priorités. » Dass si Recht huet, hunn hoffentlech des 2 Minutten 30 beluecht.

Leave a Reply

Your email address will not be published.

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>